LU
Säit 1 Joer sinn Studioen vum Radio ARA elo um Site vun de Rotondes! Dat muss geféiert ginn! 🙂 Duerfir lueden de RadioARA, Graffiti, d’Jugendsendungen um Radio ARA an di engleschsproocheg Sendungen vun ARA City Radio op hier Aweiung an!
Alles steet ënnert dem Motto: HEIEREN!
———-
EN
Since 1 year you find the studio of radio ARA now on the site of the Rotondes! We have to celebrate this 🙂
That’s the reason why Radio ARA, Graffiti, the youth shows on radio ARA and the englishspoken shows ARA City Radio invite you to their inauguration!
The slogan of the day: HEAR
———-
Start 16h / Fräien Entree
Facebook Event
Programme:
16h Offiziell Ouverture
——–
16h30 Start vun de Workshope, Spektakelen an Konzert’en
* WORKSHOPS:
– Graffiti fir Graffiti -> Graffiti Kënschtler weisen wéi een Sound visualiséiert kritt
– Music -> aus dem Makerspace vum SNJ: léier live DJ’en, Musikelementer ze kombinéieren, gëff dengem Liiblingslidd e neien Beat…
– Sound -> entdeck Welt vun der Geräischer
* KONZERT’EN:
– DJ Battle mat den Moderatoren vun den engleschsproochegen Sendungen ARA CITY Radio
– Acoustic Set vum Josh Oudendijk
– Acoustic Set mam Lisa Henn
– Lëtzebuerger Hip Hop mam Maka Mc an Godié
– DJ Sets mat eisen ARA Moderatoren vun Zanguebar, Apero Tom, The Kamikaze Show, The Nasty Show Luxuriant
* SPEKTAKEL:
– Soundrallye -> entdeck Bonnevoie mol anescht
– OpenEar cinema -> Biller just am Kapp! An Zesummenaarbescht mat der Open Screen asbl entsteet dësen Kappkino
– Audio Labyrinth -> Eng Hörspillproduktioun vun de Schüler aus dem Réidener Lycée. D’Geschicht vum blannen Passagéier
féiert dech durcht Labyrinth
– Soundstations -> entdeck um ganzen Site vun de Rotondes de Sound
– Shoot & Sound -> Fotografin Néckel Scholtus, bréngt Foto mam Sound zesummen ( Shoot & Sound Workshop fir Jonker vun 12-20 Joer, den 11. a 17. Mee, Umeldung a weider Info op info@graffiti.lu)
——–
19h00 KONZERT am Klub mat:
– The Kooters
– Sneaky Pete
– Seed to Tree
– The filthy broke billionaires
– VERSUS YOU
– Ice In My Eyes
an DJ Sets mat
– Clubzone
– T M I
——-
De ganzen Dag spezial Emissiounen am Programme vun Radio ARA op 102,9 & 105,2, an natierlech sinn Dieren vun de Studioen op fir Visitten

