• Radio ARA

    Melting Pot

    Hei an dëser Sendung vermëschen sech d’musikalesch Aflëss mat Museker aus aller Welt an allen Epochen. Mat dem Schwéierpunkt um Soul, Jazz, Hip Hop, Funk an R&B begleeden ech, de Flo, iech duerch en relaxen, ofwiesslungsräichen Programm an deem et haaptsächlech em den Groove geet. Ech bréngen iech net nëmmen dat Neisten vum Neisten mee och en bëssen Nostalgie. Vill Spaass beim Lauschteren wënscht iech de Flo mat der Emissioun Melting Pot hei bei Graffiti, de Jugensendungen um RadioARA an vergiesst net an déi nächst Sendung anzeschalten!

    Melting Pot, all zweete Mëttwoch vun 15:00 bis 16:00 um RadioARA 102,9 oder 105,2.